Aschreiwung fir Rouden Dapp Bossaball Open 2019

Umeldungsprozedur an zousätzlech Informatiounen

• D’Umeldung fir de Rouden Dapp Bossaball Open start Méindes, den 15. Abrëll 2019 um 08:00 Auer;
• Fir eist Evenement sinn 24 Equippen zougelooss, woubäi eng Startplaz am Kader vun eisem Gewënnspill verloust gëtt an deemno net zur Dispositioun steet;
• All Participant muss mindestens 18 Joer al sinn;
• Eng Equipe besteet aus 5-7 Leit (5 Haapt- an 2 Auswiesselspiller).
Opgepasst: Umeldungen déi d'Mindestunzuel vu 5 Spiller net erfëlle sinn net recevabel.
Mer insistéieren doropper dass zumindest fir déi 5 Basisleit déi richteg Co-Equipieën deklaréiert ginn (Numm a Virnumm).
Och gëllen déi an der Umeldung deklaréiert Trikotgréissten (kleng geschafft) als definitiv a kënnen net nodréiglech ëmgeännert ginn;
• D’Startgeld pro Equipe läit bei 140€ (bei 7 Spiller mécht dat also 20€ op de Kapp);
• Nodeems dir är Umeldung fortgeschéckt hutt, kritt dir vun eis eng Agangsbestätegung;
• Nom Ofschloss vun der Umeldungsphas ginn zwou Zorten vu Message verschéckt:

1) „Déng Equipe gouf ugeholl“ An dësem Fall huet är Equipe eng provisoresch Startplaz, déi eréicht dann definitiv gëtt wann d’Startgeld vun 140€ iwwerwise gouf. De Stéchdatum fir d‘Iwwerweisung ass Freides, den 26. Abrëll 2019 – ass de Virement bis dohinner net gemaach, gëtt d’Equipe automatesch ecartéiert an eng aner réckelt no.

2) „Déng Equipe ass op Stand-By” Är Equipe steet op der Waardelëscht a réckelt no wann eng vun deenen anere Equippen ewech fält (z.b. well deen uewe genannten Delai fir d’Iwwerweisung net agehale gouf).
Ass dëst de Fall gitt dir vun eis kontaktéiert.

Opgepasst: Aus organisatoresche Grënn huet all Equipe, déi fest ugeholl gouf, bis e Mëttwoch, den 26. Juni 2019 Zäit fir sech ofzemellen an hiert Startgeld rembourséiert ze kréien. No dësem Datum ass et net méi méiglech seng Suen zeréck ze kréien.